Lycée Josy Barthel Mamer

Du, d'Natur an
D'Wëssenschaft.

Nos dernières actualités

Portes Ouvertes 2024
Den 26. a 27. Abrëll ass et nees souwäit: De Lycée Josy Barthel Mamer mécht seng Dieren fir all Interesséierter...
Visitt bei RTL
Enn Mäerz hunn eis Schüler vun de Klassen 2GIG an 2GA3D hannert d’Kulisse vum Lëtzebuerger Radio- an Televisounsbetrib gekuckt. Si...
Championnat an der Gymnastique artistique
An nach eng sportlech Aktivitéit war en Donneschdeg, den 21.3., am Kader vun der Lasel; nämlech de Championnat an der...
Grouss Mountainbike-Randonnée vun der LASEL
Den 21.3. huet zu Mamer eng grouss Mountainbike-Randonnée mat ronn 100 Schüler aus verschiddene Lycéeë stattfonnt. Den LJBM war mat...
Ouschterlaf am LJBM
Och dëst Joer gouf am LJBM den traditionellen Ouschterlaf fir all eis 7e-Schüler organiséiert, bei deem si 30 Minutte fir...
Mam Vëlo op de Reebierg
Eis 2GIG an eis 2GA3D ware mat hiren Enseignanten, der Madamm Dohn, dem Här Majerus, dem Här Dondelinger, dem Här...

Wëllkomm

am Lycée Josy Barthel zu Mamer!

   (Video)

De Lycée Josy Barthel Mamer ass eng ëffentlech Schoul mat 1249 Schüler aus ville verschiddenen Nationalitéiten, déi am Alldag alleguerte Lëtzebuergesch matenee schwätzen. Mir hu säit Joere ganz gutt Resultater an den Ofschlossexamen an och bei nationale Concoursen. 

De Motto vum LJBM ass: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft”. 

Du gëss hei gutt encadréiert, du fënns hei eng breetgefächert an interessant Offre scolaire, du gëss hei geléiert, wéi s du autonom a selbststänneg kanns schaffen a léieren. 
D’Natur ass eis wichteg. Dofir probéiere mir, d’Schüler am Alldag fir d’Natur ze sensibiliséieren, an och esou ze liewen an als Schoul ze funktionéieren, datt den Impakt op d’Natur esou geréng wéi méiglech ass. 
D’Wëssenschaft ass op all eise Sektiounen omnipresent, an dat souwuel am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général wéi och an der Formation professionnelle. 

De Lycée Josy Barthel Mamer huet eng flott Infrastruktur mat senger eegener Piscine a ville Méiglechkeete fir Sport ze maachen, dat souwuel dobaussen wéi och dobannen. Mir hunn een eegene Biotop, een eegenen naturnoe Park an och de Mamerdall ass ganz nobäi. 

Schreif dech bei eis an, ech freeë mech op dech! 

Claude Christnach
Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer

Offre scolaire

Classique

Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles

Général

Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active

Préparatoire

Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général

Professionnel

Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise

BTS

Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise

Cours du soir

Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC

0
élèves inscrits
0
types d'enseignement
0
enseignants
0
spécialisations

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes