Programm COMENIUS - Schüler aus dem LJBM fir 3 Méint a Spuenien
Am Kader vum COMENIUS-Programm “Individual Pupil Mobility”, dee vun der EU ennerstëtzt get, as den Alessandro Bega, Schüler vun der 11eTG am LJBM, vum 13. September bis den 19. Dezember 2011 fir en Auslandstrimester a Spuenien. Während 3 Méint as hien an enger vun eise Partnerschoulen, derIES Escultor Juan de Villanueva, zu Pola de Siero an Asturien (Nordspuenien) ageschriwwen.
Säit September hält hien séng Impressiounen vu séngem Openthalt a Spuenien an engem Blog fest. (Link op de Blog vum Alessandro Bega).

[Den Alessandro Bega mat sénger Klass a Spuenien]
Vum 2. bis de 4. November 2011 war den Här Patrick Schmitz, Professer am LJBM a Responsabel fir desen Austauschprogramm, och zu Pola de Siero. Hien huet sech mat eisem Schüler, mat sénge spuenesche Proffen a mat de Responsablen vum Projet getraff fir en éischte Bilan ze machen a fir eng Weiderféierung vum Projet am Schouljoer 2012-2013 ze plangen.

[Alessandro Bega, Mme Mercedes Melendi et M. Patrick Schmitz (responsables du projet), M. Carlos Gonzàles (directeur)]
Gläichzäiteg as am Moment och eng Schülerin aus Spuenien fir 3 Méint hei zu Letzebuerg am LJBM. D’Andrea Collado kennt aus eiser Partnerschoul vu Pola de Siero an as dat 1. Trimester vun desem Schouljoer op der 4eCM1 am LJBM ageschriwwen.

[D’Andrea Collado, Austauschschülerin aus Spuenien am LJBM,
bei sénger Arrivée vum Findel, zesummen mat sénger Gaascht-famill]
[M. Claude Christnach (directeur), M. David Nicolay (directeur adjoint), Andrea Collado, M. Patrick Schmitz (responsables du projet)]
Den LJBM wert och am Schouljoer 2012-2013 rem bei desem Comenius-Programm matmachen, an sou e puer Schüler et erméiglechen fir en Auslandstrimester an enger vun eise Partnerschoulen (a Spuenien an an der Belsch) ze verbréngen. Interesséiert Schüler kennen sech elo schon mellen.