LJBM LJBM Home LJBM
Bookmark and Share

Consumo ergo sum? – Ich konsumiere, also bin ich?

Vum 21. Februar bis den 18. März am Festsall vum Mamer Lycée

Den berühmten Aussproch vum franséischen Philosoph René Descartes (1596-1650) „Ech denken, also sinn ech“ gouf zum Leetsproch vun der europäescher Opklärung.

Dës Ausstellung well iwwert d’Bedeitung vum Konsum an dem Konsuméieren an eiser anscheinend dach esou opgekläerter Gesellschaft informéieren. Wann den Descartes och Ufank vum 17. Jorhonnert den Zweiwel un iwwerliwwerten Wourechten an Erkenntnisser als Gebot fir all denkenden Mënsch ugefouert huet, esou muss een leider feststellen, dass sech eis heidech “Konsumgesellschaft” duerch en dach éischter onkritescht Verhalen an en iwwerméissegt Konsuméieren charakteriséiert!

D’Ausstellung „Consumo ergo sum? – Ich konsumiere, also bin ich?“ weist unhand vun véier Themefelder exemplaresch Aspekter vun eiser Konsumgesellschaft op:

Mat stofflech-sënnlechen Reizen an der Kombinatioun vun Text a Bild gëtt den Betruechter mat den eenzelnen Aspekter vun der Konsumgesellschaft konfrontéiert. Mat Hannergrondinformatiounen zur Produktioun an der kritescher Ausernanersetzung mat dem nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen an Ëmwelt well dës Ausstellung opklären an interpelléieren.

Mat der Fro vum E. Fromm: “Haben oder Sein?” soll sech den Betruechter ausenanersetzen. D’Ausstellung soll awer net nëmmen provozéieren, mä och kloer Virschléi an Ideeën fir eng nohalteg an domat zukunftsfäeg Entwécklung opweisen an onken Leit Courage maachen! Jonken Leit Courage maachen!

CES-Broschüre.pdf