Science for Kids am LJBM
Du bass am Cycle 4 an dir maachen Naturwëssenschaften Spass? Dann maach mat bei 3 Atelier’en vun jeweils 50 Minuten an den wëssenschaftlechen Fächer : Bio, Chemie an Physik.
Atelier Bio:
Ass den Tëntefësch iwwerhaapt e Fësch?
Ënnersichungen rondrëm den Tëntefësch. Mir präparéieren en Tëntefësch an maachen eis op d’Sich nom Papageienschniewel an Tëntesak. Mir ënnersichen wéi e Gewiicht e Saugnapf vun engem Tentakel festhalen kann. Dann sichen mer nach Äntwerten op Froen, wéi z.B. „Kann een mat der Tënt vun engem Tëntefësch iwwerhaapt richteg schreiwen?“
Atelier Chemie:
An dësem Atelier experimentéiere mir ënner anerem mam Bunsenbrenner a maachen aus einfachen Cent-Stecker Sëlwer- a Goldmënzen. Jiddereen därf natierlech selwer seng Mënzen hierstellen an duerno och mat Heem huelen.
Atelier Physik :
Hei erlieft dir flott an spannend Experimenter rondrëm den Magnetismus. Dir kritt d’Funktiounsweis vun engem Elektromotor erklärt an dir kënnt selwer mat deem einfachsten Elektromotor vun der Welt experimentéieren an Dësen och mat Heem huelen.
Datumen an Umeldung:
Umellen muss du dech bis spéitstens eng Woch virun all Atelier.
Unzuel vun Kanner :
Maximal 14 Kanner pro Atelier, dat heescht an engem Nomëtten kënnen 42 Kanner deelhuelen.
Dat Ganzt as natierlech gratis!
Den Umeldungsformulaire
schécks de w.e.g. op:
Lycée Josy Barthel Mamer oder science@ljbm.lu
Département Chimie
2, rue Gaston Thorn
L-8268 MAMER