Lycée Josy Barthel Mamer

Du, d'Natur an
D'Wëssenschaft.

Nos dernières actualités

E flotte Concert vun de Solistes Européens
Den 30.4. kruten all eis 7e-Schüler e ganz flotte Concert ze héieren! D'Madamm Anik Schwall, den Här Yanis Grisó an...
Den LJBM um EdFest
De 4. Mee war an de Rotonden déi 1. Ausgab vum EdFest, dem nationale Festival fir Schoulentwécklung. Dëst Event wëll...
Volle Programm am Naturstage
Am Tirol koumen d'Schüler déi lescht Deeg an de Genoss vun der frëscher Biergloft an der idyllescher Natur bei hire...
Seegelstage um Ijsselmeer
Vum 28. Abrëll bis den 3. Mee ware 25 Schüler aus de Klasse 5P, 5AD, CIP a COP um Ijsselmeer...
Diskutéieren iwwer Europa
Eis 2e-Schüler haten d'Chance, mat 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d'Europaparlament iwwer europäesch Politik ze diskutéieren. No enger kuerzer Virstellung...
Zu Besuch bei Fësch Haff
Eis Schüler vun der 2C-URBS hunn déi lescht Woch de Startup "Fësch Haff" besicht, déi éischt Aquaponie-Teststatioun zu Lëtzebuerg. Um...

Wëllkomm

am Lycée Josy Barthel zu Mamer!

   (Video)

De Lycée Josy Barthel Mamer ass eng ëffentlech Schoul mat 1255 Schüler aus ville verschiddenen Nationalitéiten, déi am Alldag alleguerte Lëtzebuergesch matenee schwätzen. Mir hu säit Joere ganz gutt Resultater an den Ofschlossexamen an och bei nationale Concoursen. 

De Motto vum LJBM ass: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft”. 

Du gëss hei gutt encadréiert, du fënns hei eng breetgefächert an interessant Offre scolaire, du gëss hei geléiert, wéi s du autonom a selbststänneg kanns schaffen a léieren. 
D’Natur ass eis wichteg. Dofir probéiere mir, d’Schüler am Alldag fir d’Natur ze sensibiliséieren, an och esou ze liewen an als Schoul ze funktionéieren, datt den Impakt op d’Natur esou geréng wéi méiglech ass. 
D’Wëssenschaft ass op all eise Sektiounen omnipresent, an dat souwuel am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général wéi och an der Formation professionnelle. 

De Lycée Josy Barthel Mamer huet eng flott Infrastruktur mat senger eegener Piscine a ville Méiglechkeete fir Sport ze maachen, dat souwuel dobaussen wéi och dobannen. Mir hunn een eegene Biotop, een eegenen naturnoe Park an och de Mamerdall ass ganz nobäi. 

Schreif dech bei eis an, ech freeë mech op dech! 

Claude Christnach
Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer

Offre scolaire

Classique

Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles

Général

Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active

Préparatoire

Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général

Professionnel

Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise

BTS

Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise

Cours du soir

Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC

0
élèves inscrits
0
types d'enseignement
0
enseignants
0
spécialisations

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes